Betrefft:
ZWILLING ENFINIGY
Waasserbiz 1,5 L
ZWILLING ENFINIGY Pro
Waasserbiz 1,5 L
Datum: 23.03.2026
De Grëff vun den ZWILLING ENFINIGY Waasserbiz (1.5 l) an den ENFINIGY Pro Waasserbiz (1.5 l) Modeller kënnen an isoléierte Fäll lassgoen oder ofbriechen. Dëst kann dozou féieren, datt gliddegt Waasser onkontrolléiert eraussprutzt. Benotzer oder Persounen, déi nobäistinn, riskéiere sech ze verbrennen. Et sinn an engem Fall scho Verbrennungen am 2. Grad opgetrueden.
Als eng Qualitéitsmark engagéiere mir eis bei ZWILLING ze versécheren, datt eis Produkter sécher an eis Clienten zefridde sinn. Mir hunn eis dofir dozou entscheet d’Waasserbizen zeréckzeruffen. Natierlech kritt Dir Är Suen zeréck.
WICHTEG: Haalt wgl. direkt op dee betraffe Waasserbiz ze benotzen, a mellt Iech ouni Verzögerung bei eis.
Déi follgend Optioune sinn zu dësem Zweck verfügbar:
• URL: zwillingkettlerecall.expertinquiry.com
• E-mail-Adress: kettle-recall@zwilling.com
• Service Telefon: +44 20 8834 9582
Verséchert Iech dës Informatiounen direkt u jidderee weiderzeginn, deen Äre Waasserbiz benotzt. Maacht och aner Leit op dësen Hiweis opmierksam, besonnesch jiddereen, deen Dir kennt, deen en ENFINIGY Waasserbiz (1.5 l) oder ENFINIGY Pro Waasserbiz (1.5 l) geléint, kaaft huet oder geschenkt krut.
Mir entschëllegen eis fir all d’Ëmstänn, déi dëst veruersaacht a bieden ëm Äert Versteesdemech.
ZWILLING J.A. Henckels AG